Aktivitéite fir kleng Kannergruppen

Rotschléi an Informatiounen:

  • Dës Videoe kënnen Iech Iddie liwweren, fir Är Beweegungsaktivitéiten opzebauen, mee passt se w.e.g. un déi individuell aktuell sanitär Covid-19-Mesuren un!
  • Passt d’Aktivitéiten un Är Besoinen a Situatioun un an entwéckelt se weider, wann néideg!
  • Differenzéiert jee no Gruppegréisst an Alter vun de Kanner aus Ärem Grupp!
  • Bei méi grousse Gruppen an eelere Kanner kann eng Organisatioun an Atelieren interessant sinn. Z.B. maachen dräi Kanner d’Spill A a véier Kanner d’Spill B. Duerno wiessele se.
  • Jee no Gruppegréisst kënnt Dir eng Aktivitéit oder e Spill duebel organiséieren, also zweemol nieftenee lafeloossen, fir datt d’Kanner net ze laang waarde mussen, bis se un d’Rei kommen.
  • Verschidde Videoe sinn ursprénglech fir Eltere mat Kanner gedréint ginn, se kënnen awer – mat e puer Upassungen – ouni Problem och klenge Gruppe mat Kanner virgespillt ginn.

Hutt Dir selwer e flotte Video vun enger Beweegungsaktivitéit gedréint, deen och fir aner Gruppen interessant ass? Da kontaktéiert eis roueg iwwert de Kontaktformular!

Altersgrupp:
Material:
Wou: