Spiller vu fréier mam Steffi – Hüpfschnecke

D’Kanner behaapten, op engem Been hopse wier „pippi liicht”!?

Ma da solle se dat mol bei dësem Spill beweisen, well wann ee beim Sprangen präzis an der „Hüpfschnecke“ hire Felder muss bleiwen an dann um Enn och nach ee Stee mam anere Fouss weiderzedrécken huet, da si vill Sprongkraaft, Gläichgewiicht, Koordinatioun a Geschéck gefrot.

Ameséiert iech!